
9konscht.lu
D’Frënn vun der
9. Konscht
Mir promouvéieren déi 9. Konscht zu Lëtzebuerg.

Agenda
Zeechner & Auteurs
fotogalerie
Wien sin mir?
D’Uleies vun de “Frënn vun der 9. Konscht” ass fir spezifesch déi Lëtzebuerger 9. Konscht (sief et BDen, Comics oder Mangaen) souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland ze promouvéieren a méi bekannt ze maachen.
Säit 2019 organiséieren an ënnerstëtzen mir Projeten:
- Publikatiounen mat Auteuren & Kënschtler
- Expositiounen
- Kueren & Workshops
- Meetings: Drink’n Draw , Visitten vun Expoe, …
- Ëmsetzung & Gestioun vun enger BD-Bibliothéik mat der Gemeng Contern
- Collaboratioun mat den Organisateuren vum Festival International de la Bande-Dessinée Contern
- Erschafen vun Synergien mat aneren Institutiounen, fir kulturell, pedagogesch, an artistesch Aktivitéiten op d’Been ze setzen.







9konscht.lu
Eis Projeten
Mir sinn houfereg, kreativ Projeten ze starten! No eisem éischte grousse Wierk, FORTIFIC(A)TIONS am Kader vum 25. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Forteresse um Unesco Patrimoine Mondial, schaffen d’Frënn vun der 9. Konscht reegelméisseg un neien Projeten weider.
Dir wëllt eis Bicher kaafen?
- Ernster (Butteker an Online Shop)
- Verschiddene lëtzebuergesch Bicherbutteker
- Festivallen (reegelméisseg Daten an eisem Agenda)
Fortific(a)tions
këscht Geschichten
Mondorf-les-bulles


Kontakt
- Dir sidd een Auteur oder Zeechner an wëllt mat aneren kreativen Käpp zesummen schaffen?
- Dir sidd een Bédéphile an wellt einfach Är Léift fir Comics mat aaneren Passionéierten deelen?
- Dir wëllt Iech mat eis asetzen, fir flott Projeten op d’Been ze stellen, an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren?
- Dir hutt nach Froen betreffend eis Projeten, Bicher, oder iwwert d’asbl?
- Dir wëllt eis ee Projet proposéieren oder eis kreativ Memberen fir een Workshop oder eng Commande buchen?
Mir freeën eis op all nei Memberen an Kollaboratiounen!
Kommt op eis nächst Events laanscht fir mat eis ze diskutéieren, oder schreift eis eng Email.
Bis geschwënn!
Agenda
9konscht@gmail.com
