D’Frënn vun der 9. Konscht
Eis Projeten
Mir sinn houfereg, kreativ Projeten ze starten!
No eisem éischte grousse Wierk, FORTIFIC(A)TIONS am Kader vum 25. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Forteresse um Unesco Patrimoine Mondial, schaffen d’Frënn vun der 9. Konscht reegelméisseg un neien Projeten weider.
Fortific(a)tions (2020)
Sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner
Ufank vum 20. Joerhonnert. Een aarmen Däiwel aus dem Gronn trëppelt duerch d’Gaasse vun der Stad, fir eng onappetitlech Aarbecht ze maachen. Vun Zäit zu Zäit muss hie raschten a säi Soff ausschlofen. Hie fënnt sech an der Vergaangenheet oder an der Zukunft erëm an erlieft Geschichte vu Léift, Verbriechen, Geheimnisser.
Néng Comic-Auteuren hu sech zesummegedoe fir ee gezeechenten Hommage un d’Festung an déi al Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.
ISBN: 978-2-919965-90-8
Sproochen: LU / EN / FR
Auteurs: Marc Angel, Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Antoine Grimée, Sabrina Kaufmann, John Rech, Jean-Louis Schlesser, Pascale Velleine
Eng Kescht Geschichten (2022)
Comic, bande dessinée, graphic novel, manga…
Et gëtt vill Nimm fir dat, wat mir déi 9. Konscht nennen. Dës Këscht as voll domat – awer et ass nach Plaz! Maacht op a loosst Iech iwwerraschen.
“Ass et en Album?”
“Ass et en Heft?”
“Nee, et ass eng ganz Këscht voll Geschichten!”
ISBN: 978-2-9199659-9-1
Auteurs: Marc Angel, Andy Genen, Jeff Hemmer, Sabrina Kaufmann, Jean-Louis Schlesser, Pit Wagner
Mondorf-les-Bulles (2022)
Munneref, eng Gemeng a Biller
D’Gemeng Mondorf-les-Bains am Süd-Oste vum Lëtzebuerger Land ass haaptsächlech fir hir Therme bekannt. Mee do derniewent huet Munneref nach villes méi ze bidden a kann op eng räichhalteg Geschicht zeréckblécken.
7 Autricen an Auteuren illustréieren a 5 verschidde BD-Geschichten all Kéiers op hir perséinlech Aart a Weis jeewels eng vun de ville Facette vun dëser traditiounsräicher Gemeng.
Egal ob Thermen, Thora, staark Männer, Gléck an der Léift oder Waasserfeeën: et ass fir all Goût eppes derbäi!
ISBN:978-2-9199659-3-9
Auteurs: Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Sabrina Kaufmann, John Rech, Nadine Scholtes, Pascale Velleine
DAJEE!!! (2023)
De Fanzine vun de Frënn vun der 9. Konscht
An der éischter Editioun vum neie Fanzine mam Titel “DAJEE!!!” presentéieren insgesamt zéng Kënschtler a Kënschtlerinnen hir Geschichten!
Stilistesch gëtt de Lieser:innen wéi gewinnt eng grouss Diversitéit gebueden. Nieft bekannte Patten aus der lëtzebuergescher Comicszeen wéi dem Pascale Velleine oder dem Marc Angel sinn och nei Talenter wéi de Kodji oder d’Elena Diaz Suarez ze entdecken. Och thematesch ass d’Palette breet gefächert.
ISBN: 978-2-9199659-5-3
Auteurs:Chandre, Elena Diaz Suarez, Marc Angel, Jean-Louis Schlesser, Federico Milella, Pascale Velleine, Pit Wagner, Mischa Bernauer, Olivier Treinen, Jeff Hemmer, Kodji, Nadine Scholtes, Dan Altmann
9konscht.lu
Kaaft eis Bicher !
Fir Iech selwer, oder als flotte Kaddo: andeems Dir eis Bicher kaaft, ennerstëtzt Dir d’Frënn vun der 9. Konscht mat all eisen Auteurs.
Eis Auteure sinn reegelméisseg op Events disponibel (BD Contern, Walfer Bicherdeeg, …) fir Iech flott Widmungen an d’Bicher ze zeechnen.
Dir kënnt eis Comics och bei Aeren Lëtzebuergeschen Librairien fannen an ufroen, beim Office du Tourisme Mondorf-les-Bains direkt kaafen, oder an eisem Online Shop!