Eis wierker
Eng Këscht Geschichten
Eng Këscht Geschichten
– Ass et en Album? En Heft? Nee, et ass eng Këscht! –
Comic, bande dessinée, graphic novel, manga…
Et gëtt vill Nimm fir dat, wat mir déi 9. Konscht nennen. Dës Këscht as voll domat – awer et ass nach Plaz! Maacht op a loosst Iech iwwerraschen.
ISBN: 978-2-9199659-9-1
Publikatioun: 2022
Auteurs: Marc Angel, Andy Genen, Jeff Hemmer, Sabrina Kaufmann, Jean-Louis Schlesser, Pit Wagner
Publizéiert vun den Frënn vun der 9. Konscht,
mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Lycée Michel-Rodange.
An der Këscht
Em wat geet et? Hei ass eng Iwwersiicht vun den verschiddenen Medien an der Këscht.
Jean-Louis Schlesser & Pit Wagner:Kinnekswiss
E Student, deem Literatur um Häerz läit, diskutéiert mat enger Studentin, déi éischter wëssenschaftlech tickt. E BD-Poster, deen d’Zäit dout schléit. Fir opzehänken oder och net.
Andy Genen : Hond, Kaz, Mann
Marc Angel : De Rescht vun der Geschicht
Sabrina Kaufmann : Victorian Murder Mystery
Jeff Hemmer: Wanterbléi
Eng Këscht ënnerwee
Mir freeën eis ëmmer, Iech fir Dedicacen ze gesinn!
9konscht.lu
Kaaft Äer Këscht!
Fir Iech selwer, oder als flotte Kaddo: andeems Dir eis Bicher kaaft, ennerstëtzt Dir d’Frënn vun der 9. Konscht mat all eisen Auteurs.
Eis Auteure sinn reegelméisseg op Events disponibel (BD Contern, Walfer Bicherdeeg, …) fir Iech flott Widmungen an d’Bicher ze zeechnen.
Dir kënnt eis Comics och bei Aeren Lëtzebuergeschen Librairien fannen an ufroen, oder Online beim Ernster.lu bestellen!