eis Auteure & Kënschtler
John Rech
John Rech
– Museker an Szenarist –
Den John Rech ass een Diddelenger Auteur a Museker. Nieft sengen kulturellen Aktivitéiten als Direkter vum Kulturzentrum opderschmelz, bleift hien selwer an der Musek aktiv, mat sengem Projet Dream Catcher, eng eegen Mëschung tëscht Folk a Rock.
Hien schafft reegelméisseg mam Zeechner Andy Genen zesummen, mat deem hien 2012 den Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner – a Jugendliteratur fir “Gefaangen an der Diddelenger Geschicht”, an 2015 fir den drëtten Band “Music, Films & Dreams” an der Dream Catcher Serie krut.
Verëffentlecht Wierker
- Dream Catcher. Volume 1: “when we were young” [Eng], 2009
- Dream Catcher. Volume 1: “when we were young” [Ltz], 2009
- Dream Catcher. Volume 2: “Irish Nights” [Eng], 2010
- Dream Catcher. Volume 2: “Irish Nights” [Ltz], 2010
- Dem Junior seng Aventuren. ‘t ass Vakanz!, 2011
- Gefaangen an der diddelenger Geschicht. Band 1: Vum Jura bis 1907, 2011
- Dem Junior seng Aventuren 2. Sch(n)éi Vakanz!, 2012
- Gefaangen an der diddelenger Geschicht. Band 2: Vun 1907 bis haut… a muar, 2013
- Dream Catcher. Volume 3: “Music, Films & Dreams” [Eng], 2015
- Dream Catcher. Volume 3: “Music, Films & Dreams” [Ltz], 2015
- Dem Junior seng Aventuren 3. Voll am Bësch!, 2017
- Dream Catcher. Volume 4: “Postkaarten aus Lëtzebuerg”, 2018
- Fortific(a)tions (2020) – D’Frënn vun der 9. Konscht, mam Sabrina Kaufmann
- B-Säiten a Bonus Träcks, mam Andy Genen 2022
- Mondorf-les-Bulles (2022) – D’Frënn vun der 9. Konscht, mam Andy Genen
B-Saïten a Bonus Träcks (2022) – Zeechner: Andy Genen
9konscht.lu
Gidd Member!
- Dir sidd een Auteur oder Zeechner an wëllt mat aneren kreativen Käpp zesummen schaffen?
- Dir sidd een Bédéphile an wëllt einfach Är Léift fir Comic mat aneren Passionéierten deelen?
- Dir wëllt Iech mat eis asetzen, fir flott Projeten op d’Been ze stellen, an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren?