Eis wierker

DAJEE!!! Fanzine 

DAJEE !!!

– De Fanzine vun de Frënn vun der 9. Konscht –

An der éischter Editioun vum neie Fanzine mam Titel “DAJEE!!!” presentéieren insgesamt zéng Kënschtler a Kënschtlerinnen hir Geschichten!

Stilistesch gëtt de Lieser:innen wéi gewinnt eng grouss Diversitéit gebueden. Nieft bekannte Patten aus der lëtzebuergescher Comicszeen wéi dem Pascale Velleine oder dem Marc Angel sinn och nei Talenter wéi de Kodji oder d’Elena Diaz Suarez ze entdecken. Och thematesch ass d’Palette breet gefächert.

ISBN: 978-2-9199659-5-3
Publikatioun: 2023
Auteurs: Chandre, Elena Diaz Suarez, Marc Angel, Jean-Louis Schlesser, Federico Milella, Pascale Velleine, Pit Wagner, Mischa Bernauer, Olivier Treinen, Jeff Hemmer, Kodji, Nadine Scholtes, Dan Altmann

Publizéiert vun den Frënn vun der 9. Konscht,
mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Fonds Culturel National.

Eis Geschichten

Em wat geet et? Hei ass eng Iwwersiicht vun den verschiddenen Geschichten.

9konscht.lu

Kaaft Äre Fanzine!

Fir Iech selwer, oder als flotte Kaddo: andeems Dir eis Bicher kaaft, ennerstëtzt Dir d’Frënn vun der 9. Konscht mat all eisen Auteurs.

Eis Auteure sinn reegelméisseg op Events disponibel (BD Contern, Walfer Bicherdeeg, …) fir Iech flott Widmungen an d’Bicher ze zeechnen.

Dir kënnt eis Comics och bei Aeren Lëtzebuergeschen Librairien fannen an ufroen, oder Online beim Ernster.lu bestellen!