eis Auteure & Kënschtler

Jeff Hemmer

Jeff Hemmer

– Politesch, Kulturell & Pedagogesch Konscht –

De Jeff Hemmer vu Wuermer (*1982) lieft a schafft als fräischaffenden Zeechner zu Bremen. Hien ass haaptsächlech am Secteur vun der politescher / kultureller Bildung aktiv, andeems hien éischter kuerz Comics fir Campagnen entwéckelt oder selwer Comic Workshops gëtt. Hien zeechent awer och emol fir en Theaterstéck oder mécht en Atelier fir Leit, déi Comics fir hir pedagogesch Aarbecht wëllen notzen.

De Jeff Hemmer ass Grënnungsmember vum Bremer Comicveräin ‘Bilder und Geschichten’ a war vun 2021 bis 2023 beim Bremer Zine Festival aktiv.

Verëffentlecht Wierker

  • Spring Forward, Fall Back (2009), Comic zum Sujet Mental Health, verëffentlecht als Série an der Zeitung Woxx
  • Oppene Bréif (2013), Kuerzcomic verëffentlecht an der Zäitschrëft forum, Nr. 331
  • Presse:Öffentlichkeit (2016), Bäitrag zur Anthologie Comic Culture Clash: In 20 Konflikten um die Welt (Berlin, Moga Mobo / Epydermophytie) – vergraff

  • Verschollen im Lügenwald (2018), Reprint vum Bäitrag zu Comic Culture Clash als Heft, self-published

  • Wer verteidigt Menschenrechte? (2020, 2022), Kuerzcomic am Buch Amnesty Macht Schule (Berlin, Amnesty International Deutschland e. V.)

  • Void (2021), Leporello zu menger BD ‘Void’ op enger öffentlecher Mauer (Bremen, Mauer:Werk) – vergraff

  • Wanterbléi (2022), Leporello fir Eng Këscht Geschichten (Lëtzebuerg, D’Frënn vun der 9. Konscht a.s.b.l.)

  • Wind of Change (2022), Bäitrag zur Anthologie Moga Mobo Greatest Hits (Berlin, Moga Mobo)

  • Dajee!!! De Fanzine vun de Frënn vun der 9. Konscht (2023)
  • Durch Geist und Raum (2023, Text: Sahar Niknam & Alexis Vandeweerd), Wëssenschaftscomic am 3. Band vu Lux:plorations – Ein Forschungsuniversum (Lëtzebuerg, Descom/Uni.lu)
  • Linie, Druck und Spiel (2024), Comic zur Résidence d’Artiste am Kulturhuef Grevenmacher 2023-2024 (Kënschtlerbuch, handgebonnen, limitéiert Oplag; och als Facsimile-Heft, self-published)

Extrait ‘Void’ (Leporello zur Ausstellung “Mauer:Werk”, 2021)

9konscht.lu

Gidd Member!

  • Dir sidd een Auteur oder Zeechner an wëllt mat aneren kreativen Käpp zesummen schaffen?
  • Dir sidd een Bédéphile an wëllt einfach Är Léift fir Comic mat aneren Passionéierten deelen?
  • Dir wëllt Iech mat eis asetzen, fir flott Projeten op d’Been ze stellen, an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren?