eis Auteure & Kënschtler

Pit Wagner

Pit Wagner

– Visual Artist –

De Pit Wagner, gebuer zu Lëtzebuerg 1954, ass Illustrator, Graveur a Moler. Als Zeechner si seng Themen breet gefächert: Reportagen, Geriichtszeechnungen, am Léifsten Leit an Déieren a Beweegung, « sur le vif ».

Hie schafft haaptsächlech mat Bambusfieder, Tusch an Aquarell, awer och mat aner Techniken. Seng Reportagen sinn dacks a BD-Form.

Verëffentlecht Wierker

  • D’So vum Marxeweier, Text vum Betsy Dentzer
  • ​60 Illustrators of Luxembourg, Cartoonart.lu
  • Land of a million Elephants, The Lao Logbook, 2020
  • De Bommeleeërprozess, 2 Bänn
  • Eng Këscht Geschichten (D’Frënn vun der 9. Konscht, 2022)
  • Dajee!!! De Fanzine vun de Frënn vun der 9. Konscht (2023)

Mekong ©Pit Wagner

9konscht.lu

Gidd Member!

  • Dir sidd een Auteur oder Zeechner an wëllt mat aneren kreativen Käpp zesummen schaffen?
  • Dir sidd een Bédéphile an wëllt einfach Är Léift fir Comic mat aneren Passionéierten deelen?
  • Dir wëllt Iech mat eis asetzen, fir flott Projeten op d’Been ze stellen, an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren?