d’Frënn vun der 9. Konscht

Agenda

Dir wëllt eis besichen?

Mir si reegelméisseg mat eise Kënschtler an Auteuren op verschiddenen Platze vertrueden!
Hei fannt Dir eis nächst Evenementer:

Drink’n Draw

24.04.2024 (ab 18h)
Dem Café Keespelt

Mir freeën eis op den 4. Drink‘n Draw den 24 Abrëll ab 18h am Dem Cafe zu Keespelt zesummen mat eisen Zeechner. Kommt mat eis zeechnen an (oder ;-)) drénken!

    LiteraTour – Fest vum Buch Beetebuerg

    21.04.2024 (11h00-18h)
    KulTourhaus zu Hënchereng

    Bicher, Liesungen, Zeechenanimatioun mam Andy Genen, Nadine Scholtes, Mischa Bernauer, Sandra Martins a Elena Diaz Suarez.

      Kanner-  a Jugendbicherdag

      27.01.2024 (10h00-18h)
      opderschmelz Dudelange – Grand Auditoire

      Samschdes, de 27. Januar 2024, dréit sech opderschmelz erëm alles ëm d’Kanner- a Jugendliteratur. Iwwer 30 Stänn, 11 Liesungen fir all Alter op verschiddene Sproochen, Poppentheater, kreativ Workshops a villes méi. 

        Table Ronde iwwer Lëtzebuerger “Mickimausen”

        22.01.2024 (19h)
        Lycée Michel Rodange Luxembourg

        An den 1970er an 1980er Joren gouf zu Lëtzebuerg eng Zeen vun onofhängege Bande-Dessinéeën, ronderëm Fansinnen, BD-Butteker, Artikelen a Strips an aus Zeitungen sou wéi Zäitschrëften asw. gebuer. Vun de Changementer an den Nopeschlänner inspiréiert, hate verschidde Männer – d’Frae waren, wéi et schéngt, absent – probéiert eng Bande Dessinée niewt de Mickymausen ze erschafen. Deen Owend kréie verschidden Acteuren aus där Epoch d’Wuert.

          Gidd Member!

          Dir sidd een Auteur oder Zeechner
          an wëllt mat aneren kreativen Käpp zesummen schaffen?

          Dir sidd een Bédéphile 
          an wellt einfach Är Léift fir Comics mat aaneren Passionéierten deelen?

          Dir wëllt Iech mat eis asetzen,
          fir flott Projeten an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren?

          Dann sidd Dir hei richteg!
           Dir kënnt direkt an eisem Online Shop Är Memberskaart kafen – a mir hunn och all Joers ee wonnerschéine, signéierte Print vum Kënschtler, deen d’Memberskaart gezeechent huet !

          9konscht.lu

          Kontakt

          • Dir wëllt Member ginn, mee hutt nach Froen?
          • Dir wëllt eis ee Projet proposéieren oder eis kreativ Memberen fir een Workshop oder eng Commande buchen?

          Kommt op eis nächst Events laanscht fir mat eis ze diskutéieren,
          oder schreift eis eng Email! Mir freeën eis op Iech!