Eis wierker
Mondorf-les-Bulles
Mondorf-les-Bulles
– Munneref, eng Gemeng a Biller –
D’Gemeng Mondorf-les-Bains am Süd-Oste vum Lëtzebuerger Land ass haaptsächlech fir hir Therme bekannt. Mee do derniewent huet Munneref nach villes méi ze bidden a kann op eng räichhalteg Geschicht zeréckblécken.
7 Autricen an Auteuren illustréieren a 5 verschidde BD-Geschichten all Kéiers op hir perséinlech Aart a Weis jeewels eng vun de ville Facette vun dëser traditiounsräicher Gemeng.
Egal ob Thermen, Thora, staark Männer, Gléck an der Léift oder Waasserfeeën: et ass fir all Goût eppes derbäi!
ISBN: 978-2-9199659-3-9
Publikatioun: 2022
Auteurs: Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Sabrina Kaufmann, John Rech, Nadine Scholtes, Pascale Velleine
Publizéiert vun den Frënn vun der 9. Konscht & Gemeng Munneref.
Mondorf-les-Bulles ënnerwee
Mir sinn houfereg op den flotten Accueil, wou dësem Projet zougedeelt ginn ass – Merci un d’Lieser, d’Visiteurs op Festivallen, der Gemeng Munneref fir d’Soirée de Lancement vum Buch!
9konscht.lu
Kaaft Äert Buch !
Fir Iech selwer, oder als flotte Kaddo: andeems Dir eis Bicher kaaft, ennerstëtzt Dir d’Frënn vun der 9. Konscht mat all eisen Auteurs.
Eis Auteure sinn reegelméisseg op Events disponibel (BD Contern, Walfer Bicherdeeg, …) fir Iech flott Widmungen an d’Bicher ze zeechnen.
Dir kënnt dësen Comic och bei Aeren Lëtzebuergeschen Librairien fannen an ufroen, beim Office du Tourisme Mondorf-les-Bains direkt kaafen, oder an eisem Online Shop bestellen!