Eis wierker

FORTIFIC(A)TIONS

FORTIFIC(A)TIONS

– Sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner –

Ufank vum 20. Joerhonnert. Een aarmen Däiwel aus dem Gronn trëppelt duerch d’Gaasse vun der Stad, fir eng onappetitlech Aarbecht ze maachen. Vun Zäit zu Zäit muss hie raschten a säi Soff ausschlofen. Hie fënnt sech an der Vergaangenheet oder an der Zukunft erëm an erlieft Geschichte vu Léift, Verbriechen, Geheimnisser.

Néng Comic-Auteuren hu sech zesummegedoe fir ee gezeechenten Hommage un d’Festung an déi al Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

ISBN: 978-2-919965-90-8
Publikatioun: 2020
Auteurs: Marc Angel, Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Antoine Grimée, Sabrina Kaufmann, John Rech, Jean-Louis Schlesser, Pascale Velleine

Publizéiert vun den Frënn vun der 9. Konscht, am Kader vum UNESCO Programm “25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial”.

Fortific(a)tions an den Medien 

Mir sinn houfereg op den flotten Accueil, wou dësem Projet zougedeelt ginn ass – Merci un d’Lieser, d’Visiteurs op Festivallen, der Bibliothèque Nationale de Luxembourg fir d’Soirée de Lancement vum Buch!

9konscht.lu

Kaaft Äert Buch !

Fir Iech selwer, oder als flotte Kaddo: andeems Dir eis Bicher kaaft, ennerstëtzt Dir d’Frënn vun der 9. Konscht mat all eisen Auteurs.

Eis Auteure sinn reegelméisseg op Events disponibel (BD Contern, Walfer Bicherdeeg, …) fir Iech flott Widmungen an d’Bicher ze zeechnen.

Dir kënnt eis Comics och bei Aeren Lëtzebuergeschen Librairien fannen an ufroen, oder an eisem Online Shop bestellen!